aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (5) : Baueren a Wënzer an der Pandemie

Eise 5. EU-Talk am Kontext vun der Coronakris iwwert d’Landwirtschaft an de Wäibau zu Lëtzebuerg am Hibléck op déi weider Entwécklungen.

D'Aschränkung vu Beweegungsfräiheet an deen doduerch ausgeléiste Mangel un Aarbechtskraaft, d'Fermeture vu Restauranten an d'Ofsoe vun Evenementer si grouss Erausfuerderungen, déi och de Secteur vun der Agrikultur an dem Wäibau betreffen, obwuel dësen awer nach villfälteg aktiv war, fir d'Versuergungsketten ze garantéieren.
Mam Bléck op déi kommend Wäilies, muss elo och decidéiert ginn, wéi eng Mesuren zur Ënnerstëtzung vun der Agri- a Vitikultur getraff ginn. Et gëtt beispillsweis Propose vun der Europäescher Kommissioun fir Bäihëllefen, fir privat Lagerung, déi de Mëllech- a Rëndfleeschsecteur solle stabiliséieren.
D'Lëtzebuerger Regierung schafft u cibléierte Mesure fir de Secteur weider ze ënnerstëtzen. Wéi dëst ëmgesat gëtt a wat fir Schwieregkeeten nach ustinn, steet beim 5. EU-Talk um Programm.

Invitéën:
Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung
Tilly Metz a Christophe Hansen, Europa-Députéiert
Erny Schumacher, Präsident vun der Privatwënzervereenegung
Marc Fisch, Präsident vun der Bauerenzentral

 .